Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Kim Héros

info@jugendwave.lu

+352 26 66 45 87

Adress

4, route du Vin, L-5549 Remich

Jugendwave

Informatioun · (Weider-)Bildung
Gesondheet
Konscht · Kultur · Patrimoine
Aner

Jugendhaus

D’Jugendwave ass en Treffpunkt fir Jonker tëschent 12 an 26 Joer. D’Haus ass participativ opgebaut, dat heescht all Jonke ka seng Iddien eraginn a souwuel bei den Aktivitéite matentscheede wéi och bei der Raumgestaltung. Esou kënnt 2022 z.B. e Multimediazemmer an deen raum wou bis elo e Proufsall war. D’Personal huet ëmmer en oppent Ouer an ënnerstëtzt di Jonk op hirem Wee. Egal op Exposé oder CV, d’Erzéier stinn den Jonken zur Säit.

Am a ronderëm d’Haus (wéi och an de Partnergemengen) gëtt e reegelméissege Programm ugebueden. Esou maache mir all Mëttwoch Sport, Donneschdes Fussball a Freides gëtt gekacht. Samschdes maache mir mi grouss Aktivitéiten an 1x den Mount fënnt eng Jugendhausversammlung statt mat deenen Jonken, wou de Plang fir den Mount drop wëllen entwerfen.

D’Jugendhaus steet zu Réimech, ass awer fir 4 Gemengen do: Réimech, Bous, Stadtbriedemes a Schengen.