D’Jeunesse Etudiante Chrétienne (JEC) ass eng Beweegung vu Jugendlechen a Jonken déi sech zweemol am Mount fir divers Aktivitéite versammelt.
D’Zil vum Mouvement ass et en sozial räichhaltegt Ëmfeld ze schafen an deem déi Jonk sech fräi austausche kënne fir d’Solidaritéit ze förderen an hiert soziaalt Bewosstsinn, Verantwortung a kritesche Geescht ze stäerken. Am Hibléck op dëst Zil proposéiert d’JEC verschidden Aktivitéiten. Dës Aktivitéiten kënnen ënnert der Form vun enger Diskussioun iwwert aktuell Sujeten, Rollespiller, Geländespiller oder aner Aart a Weisen unhuelen.
Nieft de Versammlung déi all zweet Woch organiséiert ginn, gi Weekender am Laf vum Schouljoer an e Camp vun zwou Wochen am Juli organiséiert. Déi Jonk sinn no hirem Alter an dräi Gruppen agedeelt. Déi Jonk am Alter vun 10 bis 12 Joer gehéieren zu de Junioren, vun 12 bis 14 zu de Cadeten a vu 14 bis 16 zu de Moyenen.
All Grupp gëtt encadréiert vun engem Grupp Moniteuren, d’Chefen, am Alter vu 16-18 Joer. D’Chefe gi vu brevetéierte Formateuren an der JEC ausgebilt. D’Formatiounen, déi vun der JEC proposéiert ginn, si conforme mat de Konditiounen déi de Service National de la Jeunesse (SNJ) ausschafft. D’Moniteure kréien duerch dës Formatioun den unerkannte “Brevet d’aide-animateur ” (no engem Joer) an de “Brevet Animateur”(no zwee Joer).