[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
De Grupp Saint Martin (Lënster Scouten) vu Jonglënster gehéiert zum Verband vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“ (LGS). D’LGS ass e Jugendmouvement, dee fir jiddereen op ass. Mat ongeféier 5.000 Membere sinn d’LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 58 lokal Gruppe gëtt et am Land. D’LGS si Member bei der „World Organization of the Scout Movement“ (WOSM) an der „World Association of Girl Guides and Girl Scouts“ (WAGGGS).
Déi Lënster Guiden a Scouten bidden de Kanner (ab 8 Joer) a Jugendlechen eng ganz Rei flott an usprochsvoll Aktivitéiten un. Nieft eiser Montée, dem Adventsmaart, organiséiert all Branche hir Versammlungen, Sortie’en, Weekender a Camp’en, déi dann dem jeeweilegen Alter ugepasst sinn.