Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Janine Smith

info@schefflenger-jugendhaus.lu

+352 26 53 08 50

Adress

10, avenue de la Libération (BP 62), L-3850 Schifflange

Schëfflenger Jugendhaus Asbl

Informatioun · (Weider-)Bildung
Politik · Rechter · Egalitéit
Sport · Gesondheet
Konscht · Kultur · Patrimoine

Jugendhaus

Schëfflenger Jugendhaus huet 2005 seng Dieren déi éischte kéier op gemaach an ass fir Jonker tëschent 11 an 30 Joer. Hei kann en sech mat anere Jonken treffen, austauschen, chillen, Billard, Pingpong a Kicker spillen, awer och flott Erfarunge sammelen am Kreativraum, Bouldersall oder an der Kichen. Niewent dem Accueil bitt d Jugendhaus verschidden Aktivitéiten a Projeten un, wéi MTB Touren, Fielsklammen, Kanutouren, Citytrips, e participative Velosatelier, de Service Outreach Youth Work (OYW) a villes méi.

Ee vu eise prioritäre Projeten ass den Zukunftsdilplom. Eng Chance fir Jonker un hire Lieweskompetenzen ze schaffen an duerch eng Zertifizéierung hire CV opzewäerten. D’Aarbecht mat de Jonken an d‘ Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung steet am Schëfflenger Jugendhaus am Fokus.

Weider Infoe fënns du op eiser Homepage oder op Instagram. Wanns du méi iwwert den Zukunftsdiplom wësse wëlls, hei fënns du méi Informatiounen!

Eis Ëffnungszäite sinn:

Dënschden: 14-19 Auer
Mëttwoch: 14-19 Auer
Donneschden: 14-19Auer
Freiden: 16-22 Auer
Samschden: 14-19 Auer

All 1. Samschden am Mount fënnt de Brunch + Aktivitéit statt, do ass d’Jugendhaus schonn um 11 Auer op.