Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Contact

info@unel.lu

+352 621 50 23 78

Adress

B.P. 324 L-2013 Lëtzebuerg

Union Nationale des Étudiant-e-s du Luxembourg

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Politik · Rechter · Egalitéit

Jugendorganisatioun

L’Union Nationale des Étudiant-e-s ass d’Stëmm vun de Schüler an de Studente vu Lëtzebuerg. An éischter Linn verteidegt se hir Rechter an engagéiert sech fir e méi fairen an demokratesche Schoul- an Universitéitssystem . Dovun ofgesinn investéiert sech d’UNEL an aneren Domäner ewéi de Kampf géint de Rassismus an de Jugendchômage a strieft esou eng Gesellschaft un, déi op Gerechtegkeit a Solidaritéit baséiert.

Am Kader vun hirem Joreskongress organiséiert d’UNEL Seminarer an Aktioune vun all Type, Interviews mat Entscheedungsträger a Politiker. Sou war d’UNEL den Initiator vun der gréisster Schülerbeweegung an der jéngerer Geschicht (5611). Doriwwer hinaus war si déi eenzeg Jugendorganisatioun, déi der Majoritéit vun den 18- bis 25-Järegen, déi beim Referendum iwwert d’EU-Verfassung mat “Nee” gestëmmt hunn, eng Stëmm gi konnt.
Si zeechent sech virun allem duerch hire Wëllen aus, de Pluralismus vun Iddien an déi demokratesche Debatte ze fleegen. Doriwwer hinaus erkennt d’UNEL d’Bedeitung vum internationalen Austausch un a geet dowéinst iwwert de nationale Kader eraus, andeems si sech op europäischem Niveau engagéiert, notamment duerch hir Memberschaft an der ESU (The European students’ union).