Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Nick Clesen

info.youngcaritas@cjf.lu

+352 36 74 68

Adress

11-13 Rue Geespelt, L-3378 Livange

Affiliatioun

Caritas Jeunes et Familles asbl

youngcaritas

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Natur · Ëmwelt · Déieren

Jugendservice

youngcaritas ass eng Plattform fir jonk Leit, wou si d’Méiglechkeet kréie fir sech ze engagéieren, a sou e positiven Impakt op d’Gesellschaft ze hunn. Mir gleewen, datt déi Jonk Chancë brauchen, fir eng nohalteg Welt vu Solidaritéit a sozialer Gerechtegkeet ze schafen.

Et gëtt verschidde Méiglechkeete fir sech bei youngcaritas ze engagéieren:
– maach mat bei engem solidaresche Projet vum Solidactive
– hëllef eng Aktivitéit vum Spillmobil ze animéieren
– encadréier an animéier eng vun eise Vakanzekolonien
– huel un der Formatioun fir den Animateur deel
– gëff kreativ an entwéckel Däi Projet oder maach e längerfristegt Volontariat