D’Jugendhaus ass en Treffpunkt fir all Jugendlechen tëschent 12 a 26 Joer.
Am Jugendhaus befënnt sech:
Musekssall
Sport- an Danzsall
kreativen Atelier
Chillraum
Spillraum mat Billard, Kicker, Dëschtennis, Gesellschaftsspiller an Computer mat Internetzougang
Kichen an een Lieseck
Raum fir Hausaufgaben, Gespréicher an Workshops
Mir bidden:
Schoulberodung an Hausaufgabenhëllef
Individuell Berodung
Froen an Ënnerstëtzung bei denger Fräizäitgestaltung
Projeten a Workshops
Ausflich a Kolonien
All Mount e flotten Aktivitéitsprogramm a Villes méi…