D’Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL) ass eng gemengnëtzeg Organisatioun, déi d’Natur- a Sozialwëssenschafte bei Jugendlechen op nationalem an internationalem Niveau fërdert, andeems si hinne Plattforme bitt, op deene si hir wëssenschaftlech Projeten ausstelle kënnen, dës an engem ausserschoulen Ëmfeld. D’Projeten erméiglechen et de Jonken och, um interkulturellen Austausch deelzehuelen a renomméiert Präiser ze gewannen.
D’FJSL hëlleft soumat verantwortungsvoll, autonom, selbstbewosst & weltoppe Jugendlecher auszebilden an dozou bäidroen déi nächst Generation vu Wëssenschaftler ze kultivéiere fir kreativ an innovativ Léisungen ze fannen.