Jugendhaus Monnerech (JuMo) ass eng oppen Struktur fir all Jonken tëschent 12 an 26 Joer. Mir organiséieren an realiséieren mat deenen Jonker verschidden Aktivitéiten, wéi zum Beispill Fussball, Danzen, Carting, City Trip, an de Musée goen, Geocaching, Camping, Rallye, Videospiller spillen, an de Kino oder Schwämm goen, Graffiti ausprobéieren, oder maachen eppes kreatives oder kulinaresches.
Déi Jonk kënnen och bei eis an d’Jugendhaus kommen fir d’Hausaufgaben ze maachen oder sech op en Test virzebereeden. E vun eiser Équipe kann si dobäi begleeden an hëlleft bei schoulesche Schwieregkeeten.
Mir bidden och individuell Hëllef un: Souwuel Jonker, wéi och Elteren kënnen eis Équipe fir Rot froen, wann et Problemer sollte ginn (perséinlech, familiär, schoulesch oder Problemer an der Bezéiung) a kënnen vun enger Begleedung profitéieren, déi speziell u si an hier Bedierfnisser ugepasst sinn. Jugendhaus Monnerech stell och Informatiounen zu verschiddenen Themen zur Verfügung, wéi zum Beispill: wéi schreiwen ech en CV oder e Motivatiounsschreiwes? Wéi sichen ech en e Stage, eng Léierstell oder eng Arabescht?
Eis Ëffnungszäiten:
Sonndes & Méindes: zou
Dënnschdes bis Fréides: 14:00 bis 20:00
Samschdes: 14:00 bis 18:00